Wëllem II. vun Holland
Wëllem II. vun Holland | |
---|---|
Wëllem II. vun Holland | |
Titelen | |
Kinnek vun Holland | |
Zäit | 1840 bis 1849 |
Virgänger | Wëllem I. |
Nofollger | Wëllem III. |
Groussherzog vu Lëtzebuerg | |
Zäit | 1840 bis 1849 |
Virgänger | Wëllem I. |
Nofollger | Wëllem III. |
Biographie | |
Gebuer |
6. Dezember 1792 Den Haag |
Gestuerwen |
17. Mäerz 1849 Tilburg |
Bestuet mat | Anna Pawlowna vu Russland |
Papp | Wëllem I. vun Holland |
Kanner | Wëllem III. vun Holland, Alexander vun Oranien-Nassau, Henri vun Oranien-Nassau, Willem Alexander vun Oranien-Nassau, Sophie vun Oranien-Nassau |
De Wëllem II. vun Holland (Willem van Oranje-Nassau), gebuer de 6. Dezember 1792 zu Den Haag, a gestuerwen de 17. Mäerz 1849 zu Tilburg, war vun 1840 bis 1849 Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
Hie war de Jong vum Wëllem I. an der Wilhelmina vu Preisen.
Hien huet sech 1816 mat der Groussherzogin Anna Pavlovna vu Russland bestuet.
D'Koppel hat véier Kanner:
- Wëllem III. vun Holland
- Alexander vun Oranien-Nassau (1818-1848)
- Henri vun Oranien-Nassau (1820-1879). Hien huet sech 1853 mat der Amelia vu Sachsen-Weimar bestuet, an no där hirem Doud huet e sech 1878 mat der Maria vu Preise bestuet.
- Sophie vun Oranien-Nassau (1824-1897). Si huet sech 1842 mat dem Charel-Alexander vu Sachsen-Weimar-Eisenach (1818-1901) bestuet.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Hie war Offizéier an der brittescher Arméi a war wärend de Kricher géint den Napoléon am Spuenesche Krich als Aide de camp vum Wellington dobäi. 1813 goung hien an Holland zeréck an hat de Kommando vun der hollännescher Arméi fir géint den Napoléon wärend de Cent Jours ze kämpfen. Hie war bei der Schluecht vu Quatre-Bras a bei där vu Waterloo op der Säit vun de Coalliéierten dobäi.
Hie koum am Oktober 1840, nodeem säi Papp de Wëllem I. ofgedankt hat, op den Troun. Hie war e moderéierten Herrscher an huet, fir enger Revolution am Land aus de Féiss ze goen, 1848 Holland eng nei liberal Constitutioun ginn déi haut nach mat klengen Ännerungen a Kraaft ass.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Wëllem II. vun Holland z'erënneren, goufen eng Partie Strukturen opgeriicht oder no him genannt (Auswiel):
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- d'Place Guillaume II (Knuedler) an der Stad Lëtzebuerg an
- d'Monument dat do steet.
Soss doruechter
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Haag, Emil, 2011. Guillaume II *1792 †1849, souverain populaire entre tous, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 242-249.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Charles Volkmann: Généalogie des rois et des princes. Edit. Jean-Paul Gisserot (1998).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Kinnek vun Holland
-
Dem Wëllem II. säin Emblème op dem Monument um Knuedler
-
Mat senger Famill, lénks den zukënftege Wëllem III.
-
Mat engem Greyhound
-
Säi Begriefnes zu Delft
Virgänger: Wëllem I. |
Groussherzog vu Lëtzebuerg 1840 - 1849 |
Nofollger: Wëllem III. |
Virgänger: Wëllem I. |
Kinnek vun Holland 1840 - 1849 |
Nofollger: Wëllem III. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wëllem II. vun Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien |