Tomat
eng Kludder Tomaten | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Rosopsida |
Uerdnung | Solanales |
Famill | Nuetsschietplanzen |
Gattung | Solanum |
Aart | Tomat |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Solanum lycopersicum | |
L., 1753 | |
D'Tomat (Solanum lycopersicum) ass eng Planzenaart aus der Famill vun de Solanaceae. Den Numm kënnt vu xītomatl an der Aztekensprooch Nahuatl hier. Ëmgangssproochlech gëtt virun allem hir Fruucht, déi als Geméis verschafft gëtt, esou genannt; et handelt sech ëm eng Bierefruucht.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Tomateplanz ass eng krauteg, eejäreg, zweejäreg oder geleeëntlech och ausdauernd Planz, déi ufanks riichtop, méi spéit hänkeg an dann um Buedem wiisst. Eenzel Äscht kënne bis zu 4 m laang ginn. Den Haaptstrank huet kleng reng Hoercher, déi drüsenaarteg Spëtzen hunn, déi e staarke Geroch vu sech ginn.
D'Friichte si Bieren, a gewéinlech 1,5 bis 2,5 cm am Duerchmiesser. Bei kultivéierte Planze ann dee bis 10 cm sinn. D'Fruucht besteet aus zwou Kummeren, an deenen de Som wiisst. Wann d'Friichten zeideg sinn, hu s'eng kräfteg rout Faarf, och alt giel oder orange.
D'Tomat kënnt ursprénglech aus Mëttel- a Südamerika, woubäi d'Wëllformen vun Nordchile bis Venezuela doheem sinn. No der Eruewerung vun der sougenannter 'Neier Welt' koum d'Tomat och an Europa. De Spuenier Hernán Cortés huet uganks vum 16. Joerhonnert déi éischt aus Mexiko matbruecht. Iwwer Sardinien an Neapel, déi zu Spuenie gehéiert hunn, koum d'Tomat geschwënn an Italien. Vu 1544 ass déi éischt prezis Beschreiwung duerch den Italieener Pietro Andrea Mattioli iwwerliwwert (Hie beschreift d'Fruucht als giel, wat dann och den italieeneschen Numm pomi d'oro - Gëllenen Apel"; haut pommodoro - erkläre géif). Am En Tibi Herbarium zu Leiden vun circa 1555 ass dat eelst Exepmlar an Europa beluecht. Am 16. a 17. Joerhonnert waren Tomateplanzen eng Raritéit a goufe just fir räich Leit gezillt, mat deenen ee sech bei sengen Invitéë bretze konnt. Si goufe virun allem gezillt fir schéin ze maachen, well een iwwerzeegt war, d'Fruucht wier gëfteg. Eréischt am 17. Joerhonnert gouf déi Meenung opginn.
Um Enn vum 19. Joerhonnert hat se sech ëmmer méi als Geméisplanz duerchgesat, a gouf an Zoppen, Zaloten an Zosen an der Kiche verschafft.
2019 goufen, der FAO no, weltwäit 180.765.931 Tonnen Tomate rekoltéiert.[1]
Déi gréisst Tomateproduzente sinn: produzierten.
Plaz | Land | Quantitéit (an t) |
---|---|---|
1 | China | 62.764.671 |
2 | Indien | 19.007.000 |
3 | Tierkei | 12.841.990 |
4 | USA | 10.858.990 |
5 | Egypten | 6.751.856 |
6 | Italien | 5.252.690 |
7 | Iran | 5.248.904 |
8 | Spuenien | 5.000.560 |
9 | Mexiko | 4.271.914 |
10 | Brasilien | 3.917.967 |
Top Ten | 135.916.542 | |
all aner Länner zesummen: | 11.034.989 |
An der EU sinn déi gréisst Produzenten Italien, Spuenien a Portugal. Holland huet 2019 ëmmerhin an Zären 910.000 Tonnen produzéiert.
Et gëtt iwwer 3.100 Zorten op der Welt, an nach eng Kéier souvill, déi net offiziell registréiert sinn.
-
Al Tomatenzorten um Marché Beauveau zu Paräis
-
Schwaarz Tomat
-
blo Tomat
Tomate bestinn zu 95 Prozent aus Waasser, ausserdeem sinn dra Vitaminn A, B1, B2, C, E, Niacin, Mineralstoffer, besonnesch Kalium, ma och Biotin, Folsaier, Thiamin, Pantothensaier; Alpha- & Beta-Carotin, Kalium, Chlorogensaier, Zitrounesaier, Glykoalkaloider, Glykoproteiner, Lignin, Lutein, Lycopin p-Cumarsaier, an 10 Spuerenelementer virun allem Silizium; Tyramin an Zeaxanthin, ze fannen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Adelheid Coirazza: Tomaten: 200 Sortenempfehlungen aus aller Welt. Formosa-Verlag, Witten 2009, ISBN 978-3-934733-06-0.
- Adelheid Coirazza: Tomaten 2: 208 Historische Tomaten und Wildsorten. Formosa-Verlag, Witten 2014, ISBN 978-3-934733-12-1.
- Annemieke Hendriks: Tomaten. Die wahre Identität unseres Frischgemüses. be.bra Verlag, Berlin 2017, ISBN 978-3-89809-139-8.
- Andres Sprecher und Markus Dlouhy (Fotograf): Das große Buch der Tomaten. Fona Verlag, Lenzburg 2010, ISBN 978-3-03780-416-2.
- Ute Studer und Martin Studer (Fotografien): Tomatenlust. Die Geheimnisse der Tomatenpioniere – Tipps für den Anbau richtig guter Tomaten. Haupt Verlag, Bern 2019, ISBN 978-3-258-08102-1,
- Stefanie Jacomet: Die Geschichte der Tomate. Universität Basel, Basel 2011, https://duw.unibas.ch/fileadmin/user_upload/duw/IPNA/PDF_s/PDF_s_in_use/2011_Jacomet_GeschichteTomate.pdf
- Iris E. Peralta, David M. Spooner: History, Origin and Early Cultivation of Tomato (Solanaceae). In: Maharaj K. Razdan und Autar K. Mattoo (Hrsg.): Genetic Improvement of Solanaceous Crops. Volume 2: Tomato. Enfield (NH), Jersey & Plymouth 2007, S. 1–24, ISBN 978-1-57808-179-0.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tomat – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Crops > Tomatoes op fao.org, 2021-01-25.