iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.
iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.



Link to original content: https://lb.wikipedia.org/wiki/Ouer
Ouer – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Ouer

Vu Wikipedia
De baussenzegen Deel vum Ouer vun engem Mënsch.
Animéierte Video, dee weist wéi de Schall duerch d'Ouer vum Mënsch reest a vum Gehier interpretéiert gëtt.

D'Ouer ass en Organ, dat fir d'Héieren an d'Kierpergläichgewiicht responsabel ass. D'Ouere vun de Wierbeldéiere leie generell symmetresch op all Säit vum Kapp. Dat erlaabt eng besser Lokaliséierung vum Schall.

Opbau vum Ouer bei de Mamendéieren

[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Mamendéieren, dorënner dem Mënsch, besteet d'Ouer aus dräi groussen Deeler - d'baussenzegt Ouer, d'mëttelt Ouer an d'bannenzegt Ouer:

  • Zum baussenzegen Ouer zielen d'Ouermuschel an den Ouerläppchen, de baussenzegen Ouerkanal an d'Baussesäit vum Trommelfell. Säin Zweck ass d'Afänke vum Schall.
  • Dat mëttelt Ouer besteet aus dem Trommelfell an dräi klenge Schanken, déi op Däitsch "Gehörknöchelchen" an op Franséisch "osselet" (lat.: ossicula auditūs) genannt ginn. Si iwwerdroen de Schall an dat bannenzegt Ouer.
  • D'bannenzegt Ouer besteet aus zwee groussen Deeler an enger Aart Labyrinth:
    • de Cochlea (dt.: "Hörschnecke") wandelt Schalldrockmuster aus dem baussenzegen Ouer an elektrochemesch Impulser ëm, déi iwwer d'Héiernerven un d'Gehier weidergeleet ginn.
    • D'Gläichgewiichtsorgan besteet aus dräi hallefkreesfërmege Kanäl, déi am rietse Wénkel zuenee stinn.

Well bei de meeschten Déieren nëmmen dat baussenzegt Ouer visibel ass, gëtt de Begrëff "Ouer" dacks nëmme fir deen Deel gebraucht.

Erkrankunge vum Ouer kënnen zum Verloscht vum Héieren, zu Tinnitus an zu Gläichgewiichtsstéierunge wéi Schwindel féieren.

Zënter dausende Joren an a ville Kulture gëtt d'Ouer mat Bijouen dekoréiert, zum Beispill mat Ouerréng.

Commons: Ouer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]