iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.
iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.



Link to original content: https://lb.wikipedia.org/wiki/Oger
Oger – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Oger

Vu Wikipedia
Oger
Vue op Oger am Oktober 2011

Vue op Oger am Oktober 2011
Vue op Oger am Oktober 2011
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Épernay
Kanton Vertus-Plaine Champenoise
Postcode 51190
Gemengecode 551411
Koordinaten 48° 57’ 30’’ N
      04° 00’ 47’’ O
Fläch  1 506 ha
Bevëlkerung  558 (1999)

Oger ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Marne an der franséischer Regioun Grand Est.

D'Duerf, dat an der Côte des Blancs am Süde vun Épernay läit, ass op der Lëscht vun der Associatioun Les plus beaux villages de France als Village de Charme klasséiert.

Den Terrain vun der Uertschaft kann een an dräi grouss Partien opdeelen:

  • Am Süden, am Dall vun der Champagne crayeuse leien d'Felder op deenen haaptsächlech Weess gezillt gëtt.
  • Am Osten op der Kopp ass eng Corniche déi aus Bëscher besteet, an deene mer haaptsächlech Bierke fannen. Am Hank ënner dem Bësch stinn Hecken déi awer séier de Wéngerte Plaz maachen.
  • Tëscht deenen zwee läit d'Duerf mat de Wéngerte ronderëm.

An der Uerschaft ass alles no beienee gebaut, an se steet och op der Plaz wou de Buedem keen sou e gudde Rendement fir de Wäin hat. Well d'Wéngerte bis un Duerf stoussen, huet dat sech och ni vergréissert, fir nëmme keen hallwen Ar vun der deierer Wäinubaufläch ze verléieren. D'Haiser sinn aus Zillen a Meulièrë gebaut. Déi eelst Haiser déi am Torchis gebaut waren, ginn hautdesdaags nach just als Hangar a Remise benotzt.

Déi dräi Buren, d'Fontaine au Pommier, Les Graillots a Les Sept Vents hunn d'Uertschaft bis an 50er Jore mat Waasser beliwwert.

D'Wéngerten déi sech den Niveaulinne vum Hank upassen, weisen och op d'Propriétéitsverhältnesser hin. Et sinn e lauter kleng Proprietéiten, mat seelen iwwer 2 ha, déi awer klenge Familljebetriber et erlaben, fir gutt vum Wäin ze liewen.