Kelvin
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Temperatureenheet Kelvin. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kelvin (Homonymie). |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Kelvin (Eenheetenzeechen: K) ass eng Eenheet fir thermodynamesch Temperaturen, déi fir d'Ausdrécke vun Temperaturdifferenze benotzt gëtt. Et ass eng Basiseenheet am internationalen Eenheetesystem.
Thermodynamesch Temperaturen an Celsius-Temperaturen hunn déi selwecht Skaléierung:
- 0 K = −273,15 °C (dat ass den absolutten Nullpunkt);
- 273,15 K = 0 °C;
- 274,15 K sinn 1 °C asw.;
- Eng Temperaturdifferenz vun 10 K ass d'selwecht wéi eng Differenz vun 10 °C.
De Kelvin gouf nom William Thomson, dem spéidere Lord Kelvin, benannt, dee mat 24 Joer déi thermodynamesch Temperaturskala agefouert huet.