Jack Lemmon
Jack Lemmon | |
---|---|
Gebuertsnumm | John Uhler Lemmon III |
Gebuer |
8. Februar 1925 Newton |
Gestuerwen |
27. Juni 2001 Los Angeles |
Doudesursaach | Blosekriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harvard Universitéit, Phillips Academy, Harvard College, HB Studio |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Filmregisseur, Charakterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Theaterschauspiller, Museker, Komiker, Regisseur, Filmproduzent |
Famill | |
Bestuet mat | Cynthia Stone, Felicia Farr |
Kanner | Chris Lemmon |
Den John Uhler "Jack" Lemmon III, gebuer den 8. Februar 1925 zu Newton, Massachusetts, a gestuerwen de 27. Juni 2001 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller a Museker.
Hien hat an iwwer 60 Filmer d'Haaptroll, dorënner Some Like It Hot, The Apartment, Mister Roberts (Oscar fir déi bescht Nieweroll), Days of Wine and Roses, The Great Race, Irma la Douce, The Odd Couple, Save the Tiger (1973 Oscar fir de beschte Film), The Out-of-Towners, The China Syndrome, Missing (beschte Schauspiller 1982 um Filmfestival zu Cannes Film), Glengarry Glen Ross, Grumpy Old Men a Grumpier Old Men.
Hien huet an deene Filmer ë. a. mat weibleche Stare wéi Marilyn Monroe, Natalie Wood, Betty Grable, Janet Leigh, Shirley MacLaine, Romy Schneider, Doris Day, Kim Novak, Judy Holliday, Rita Hayworth, June Allyson, Virna Lisi, Ann-Margret a Sophia Loren zesumme gespillt. Hie war e gudde Frënd vun de Schauspiller Tony Curtis, Ernie Kovacs, Walter Matthau, a Kevin Spacey. Mam Curtis huet hien an zwéi Filmer zesumme gespillt, mam Kovacs an dräi (Operation Mad Ball, Bell, Book and Candle, an It Happened to Jane), a mam Matthau an eelef.
Hie war dem Regisseur Billy Wilder säi Liblingsschauspiller, deen em a seng Filmer Some Like It Hot (beschte Schauspiller um Festival vu Cannes), The Apartment, Irma la Douce, The Fortune Cookie, Avanti!, The Front Page, a Buddy Buddy d'Haaptroll spille gelooss huet. Och fir de Blake Edwards huet hien dacks gespillt, sou a My Sister Eileen (1955), Days of Wine and Roses (1962), The Great Race (1965) an That's Life! (1986).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jack Lemmon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gebuer 1925
- Gestuerwen 2001
- US-amerikanesch Filmschauspiller
- Oscar fir de beschte Schauspiller
- Beschte Schauspiller beim Festival vu Cannes
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem Musical oder Kaméidisstéck
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an enger Miniserie oder Televisiounsfilm
- US-amerikanesch Televisiounsschauspiller
- Hollywood Walk of Fame
- Cecil B. DeMille Award
- Oscar fir de beschte Schauspiller an enger Nieweroll
- Coppa Volpi fir de beschte Schauspiller
- Sëlwere Bier fir de beschte Schauspiller