iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.
iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.



Link to original content: https://lb.wikipedia.org/wiki/Flossséischmuewel
Flossséischmuewel – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Flossséischmuewel

Vu Wikipedia
Flossséischmuewel

Aner Sproochen: de.: Flussseeschwalbe;
fr.: Sterne pierregarin
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Charadriiformes
Famill: Laridae
Ënnerfamill: Sterninae
Gattung: Sternus (Séischmuewelen)
Wëssenschaftlechen Numm
Sterna hirundo
Linnaeus (1758)

D'Flossséischmuewel (Sterna hirundo), ass eng Vullenaart aus der Ënnerfamill vun de Séischmuewelen (Sterninae). Et ass en Zuchvull, deen am Summer a Mëtteleuropa bréit an do verbreet ass, wann och net ganz heefeg. Wärend der Zuchzäit sinn och vill Exemplaren aus Nord- an Osteuropa op der Duerchrees z'observéieren. Si iwwerwantere laanscht d'Küste vun Afrika.

Et gëtt véier Ënneraarten.

D'Flossséischmuewel gläicht der Küsteséischmuewell. Si gëtt tëscht 27 an 31 Zentimeter grouss. D'Flilleke gi 24 bis 29 Zentimeter laang, hir Spanwäit ass tëscht 72 an 82 Zentimeter. D'Männercher sinn eppes Klenges méi grouss wéi d'Weibercher.

Si huet e gegafelte Schwanz, wouhier se den Numm "Schmuewel" huet, och wa se soss näischt mat Schmuewelen (Hirundinidae) ze dinn huet. Hir Been an hire Schniewel si rout, de Schniewel huet eng schwaarz Spëtzt. D'Fiedere si wäiss bis hellgro, just um Kapp, op enger Linn bis just ënner d'Aen a bis an d'Akaul, si se pechschwaarz.

Liewensraum a Verbreedung

[änneren | Quelltext änneren]

D'Flossséischmuewel ass tëscht dem Nordweste vun Europa bis bei d'Beringmier an Ostsibirien ze fannen. An Nordamerika kënnt se vu Kanada bis an d'Karibik vir. Isoléiert Brutpopulatioune ginn et ausserdeem am Nordwesten an am Norde vun Afrika, am Süde vun Afrikas, an Australien an am Süde vu Südamerika.

Si mécht wäit Reese fir an hir Winterquartéieren, déi an den Tropen uan den temperéiert Géigende vun der Südhallefkugel leien. Déi, déi an der Palearktis bréien, iwwerwanteren laanscht d'Westküst vun Afrika (méi sielen op der Ostsäit).

D'Flossséischmuewel zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

D'Floossséischmuewel ass vu Mëtt Abrëll bis Enn Juli am Haff Réimech ze fannen. D'Naturschutzorganisatioun natur&ëmwelt kënnt hir entgéint, andeems se kleng Plattformen an de Baggerweieren uleet, op deenen d'Vigel bréie kënnen. 2024 konnten dann och 11 Klenger vun de 6 Koppelen, déi do op deene Floosser gebréit hunn, beréngt ginn, ier se no Süden zéien.[1]

D'Floossséischmuewel gouf 2024 vun natur&ëmwelt zum Vull vum Joer ausgeruff.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Nei Naschtfloosser fir Flossséischmuewelen droe Friichten." rtl.lu, 22.07.2024.
  2. "Vogel des Jahres 2024: D'Flossséischmuewel, en eleganten Weltebummler." naturemwelt.lu, 19.02.2024.