iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.
iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.



Link to original content: https://lb.wikipedia.org/wiki/Aristide_Briand
Aristide Briand – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Aristide Briand

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Aristide Briand
Gebuertsnumm Aristide Pierre Henri Briand
Gebuer 28. Mäerz 1862
Nantes
Gestuerwen 7. Mäerz 1932
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Staatsmann, Journalist, Diplomat, Schrëftsteller, Affekot
Partei Parti socialiste, Parti républicain-socialiste
Famill
Liewenspartner(in) Lucie Jourdan

Den Aristide Briand, gebuer den 28. Mäerz 1862 zu Nantes, a gestuerwen de 7. Mäerz 1932 zu Paräis, war e franséische Jurist a Politiker.

Hie war Deputéierten an der Loire an an der Loire-Atlantique (deemools Loire-Inférieure), Initiateur a Rapporter vum Gesetz iwwer d'Trennung vu Kierch a Staat vun 1905, eelefmol President vum Ministesch-Conseil a sechsanzwanzegmol Minister an der Drëtter Republik.

De Briand huet nom Éischte Weltkrich eng weesentlech Roll an den internationale Relatioune gespillt. 1926 krut hien, zesumme mam Gustav Stresemann, de Friddensnobelpräis fir seng Handlung als Ausseminister fir d'Versönung tëscht Frankräich an Däitschland (Traitéë vu Locarno, 1925). Am Joer 1928 war hien och den Initiator vum Briand-Kellogg-Traité, engem Vertrag iwwer de géigesäitege Verzicht vu Krich tëscht de Staaten.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Fir un den Aristide Briand z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 27. Januar 1933 decidéiert, zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him ze nennen: d'Rue Aristide Briand verbënnt d'Rue Gutenberg mat der Rue Clemenceau.

Soss doruechter (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Zu Paräis ass de Monument de la Paix dem Aristide Briand gewidmet,
  • Bronz-Statu zu Hardencourt-Cocherel,
  • Monument zu Pacy-sur-Eure,
  • ronn Dausend Stroossen a Frankräich sinn nom Aristide Briand genannt[1].
Commons: Aristide Briand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr)https://rues.openalfa.fr/rues. rues.openalfa.fr. Gekuckt de(n) 24.10.2024.