Pierre Messmer
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Pierre Messmer | |
---|---|
De Pierre Messmer zu Trouville de 15. Mäerz 1988 | |
Gebuer |
20. Mäerz 1916 Vincennes |
Gestuerwen |
29. August 2007 Paräis |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Lycée Louis-le-Grand, Institut national des langues et civilisations orientales |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Rassemblement pour la République, Union des démocrates pour la République, Union pour la nouvelle République |
Member vun | Académie française, Académie des sciences morales et politiques, Rumänesch Akademie |
De Pierre-Auguste-Joseph Messmer, gebuer den 20. Mäerz 1916 zu Vincennes am Departement Seine, a gestuerwen den 29. August 2007 am Militärspidol Val-de-Grâce zu Paräis, war e franséische Politiker, Chancelier vum Ordre de la Libération, Éierechancelier vum Institut de France a Member vun der Académie française (1999).
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Jugend a Studium
[änneren | Quelltext änneren]De Pierre Messmer staamt aus enger elsässescher Famill aus dem Departement Bas-Rhin, déi kuerz no der Annexioun vun 1871 an d'France de l'intérieur geplënnert ass.
No sengem Baccalauréat zu Paräis, huet de Pierre Messmer 1934 säi Studium op der École nationale de la France d'outre-mer fortgesat, wou en 1937 de Brevet als administrateur colonial krut, a paralell dozou op der École des langues orientales, wou en 1936 diploméiert gouf. 1939 huet en nach een Doktorat am Droit drugehaangen.
Arméiszäit
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Am Zweete Weltkrich war hien Offizéier an de Forces françaises libres. Am August 1945 ass en a Franséisch Indochina am Tonkin parachutéiert ginn. Hie gouf vum Viêt Minh gefaange geholl, konnt awer no zwéi Méint fortlafen a rëm bei d'franséisch Missioun zu Hanoi kommen. Kuerz duerno gouf hien demobiliséiert a war nach Colonel de réserve vun der franséischer Arméi.
Politesch Mandater
[änneren | Quelltext änneren]Vum 17. Abrëll 1956 bis den 29. Januar 1958 war hien Administrateur colonial vum Kamerun a vun 1960 bis 1969 Verdeedegungsminister an der Regierungszäit vum Charles de Gaulle. 1971, ënner dem President Georges Pompidou, gouf e Ministre d'État chargé des Départements et Territoires d'outre-mer. Vun 1972 bis 1974 war e Premierminister, ëmmer nach ënner dem President Georges Pompidou.
Lokalpolitesch war hie vun 1971 bis 1989 Buergermeeschter vu Sarrebourg.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Après tant de batailles - Mémoires; Paräis (Albin Michel), 1992.
- Les blancs s'en vont - Récits de décolonisation; Paräis (Albin Michel), 1998.
- Gebuer 1916
- Gestuerwen 2007
- Premierministere vu Frankräich
- Franséisch Verdeedegungsministeren
- Membere vun der Académie française
- Franséisch Buergermeeschteren
- Grand-croix de la Légion d'honneur
- Persounen, déi d'Croix de guerre 1939-1945 kruten
- Deputéiert vun der Fënnefter Franséischer Republik
- Franséisch Resistenzler
- Franséisch Ëmweltministeren
- Membere vun der Académie des sciences morales et politiques
- Franséisch Staatsministeren
- Compagnons de la Libération