Fred Astaire
Fred Astaire | |
---|---|
Gebuertsnumm | Frederick Austerlitz |
Gebuer |
10. Mee 1899 Omaha |
Gestuerwen |
22. Juni 1987 Los Angeles |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Choreograph, Sänger, Dänzer, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsmoderateur, Televisiounsschauspiller, Perkussionist, Schauspiller |
Partei | Republican Party |
Famill | |
Bestuet mat | Phyllis Livingston Potter, Robyn Smith |
Papp | Fritz Austerlitz |
Mamm | Ann Astaire |
Geschwëster | Adele Astaire |
De Frederick Austerlitz genannt Fred Astaire, gebuer den 10. Mee 1899 a gestuerwen den 22. Juni 1987, war en US-amerikaneschen Dänzer a Schauspiller.
De Fred Astaire ass am Ufank vu senger Carrière haaptsächlech zesumme mat senger Sëschter Adèle opgetrueden, a si hu grousse Succès um Broadway an zu London gehat mat hire Stécker Lady Be Good,Funny Face a The Band Waggon.
Nodeem seng Sëschter sech 1932 mam Lord Charles Cavendish bestuet hat, ass de Fred Astaire eleng opgetratt a gouf och gläich duerno vun M.G.M. engagéiert fir de Film Dancing Lady an deem hien zesumme mat der Joan Crawford an dem Clark Gable gespillt huet.
Duerno huet hie Filmer a Musicale bei R.K.O gedréit, wou hien och d'Ginger Rogers begéint huet. Mat der Ginger Roberts huet hien an 10 Filmer gespillt, dovun ënner anerem Flying down to Rio, Swing Times an Top Hat.
Säi Wonsch fir seng Fanen ëmmer erëm z'iwwerrasche geet am beschten a sengem leschte Film Ghost Story an Erfëllung well en an deem Film de Béise spille kann.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- Flying Down to Rio (1933) vum Thornton Freeland mam Ginger Rogers an Dolores del Rio
- The Gay Divorcee (1934) vum Mark Sandrich mam Ginger Rogers a Betty Grable
- Roberta (1935) vum William A. Seiter mam Ginger Rogers a Randolph Scott
- Top Hat (1935) vum Mark Sandrich mam Ginger Rogers an Edward Everett Horton
- Follow the Fleet (1936) vum Mark Sandrich mam Ginger Rogers a Randolph Scott
- Swing Time (1936) vum George Stevens mam Ginger Rogers
- Shall We Dance (1937) vum Mark Sandrich mam Ginger Rogers an Edward Everett Horton
- A Damsel in Distress (1937) vum George Stevens mam Joan Fontaine an George Burns
- Carefree (1938) vum Mark Sandrich mam Ginger Rogers a Ralph Bellamy
- The Story of Vernon and Irene Castle (1939) vum H.C. Potter mam Ginger Rogers a Walter Brennan
- Broadway Melody of 1940 (1940) vum Norman Taurog mam Eleanor Powell an George Murphy
- Second Chorus (1940) vum H.C. Potter mam Paulette Goddard a Burgess Meredith
- You'll Never Get Rich (1941) vum Sidney Lanfield mam Rita Hayworth
- Holiday Inn (1942) vum Mark Sandrich mam Bing Crosby
- You Were Never Lovelier (1942) vum William A. Seiter mam Rita Hayworth an Adolphe Menjou
- The Sky's the Limit (1943) vum Edward H. Griffith mam Joan Leslie a Robert Ryan
- Yolanda and the Thief (1945) vum Vincente Minnelli mam Lucille Bremer
- Ziegfeld Follies (1946) vum Roy Del Ruth, Vincente Minnelli, George Sidneya Charles Walters mam Lucille Ball an Gene Kelly
- Blue Skies (1946) vum Stuart Heisler mam Bing Crosby
- Easter Parade (1948) vum Charles Walters mam Judy Garland an Ann Miller
- The Barkleys of Broadway (1949) vum Charles Walters mam Ginger Rogers
- Three Little Words (1950) vum Richard Thorpe mam Red Skelton a Vera-Ellen
- Let's Dance (1950) vum Norman Z. McLeod mam Betty Hutton
- Royal Wedding (1951) vum Stanley Donen mam Jane Powell a Peter Lawford
- The Belle of New York (1952) vum Charles Walters mam Vera-Ellen a Keenan Wynn
- The Band Wagon (1953) vum Vincente Minnelli mam Cyd Charisse an Oscar Levant
- Daddy Long Legs (1955) vum Jean Negulesco mam Leslie Caron a Thelma Ritter
- Funny Face (1957) vum Stanley Donen mam Audrey Hepburn a Michel Auclair
- Silk Stockings (1957) vum Rouben Mamoulian mam Cyd Charisse a Peter Lorre
- On the Beach (1959) vum Stanley Kramer mam Gregory Peck an Ava Gardner
- The Pleasure of His Company (1961) vum George Seaton mam Debbie Reynolds a Lilli Palmer
- The Notorious Landlady (1962) vum Richard Quine mam Kim Novak an Jack Lemmon
- Finian's Rainbow (1968) vum Francis Ford Coppola am Petula Clark an Tommy Steele
- Midas Run (1969) vum Alf Kjellin mam Richard Crenna an Anne Heywood
- The Towering Inferno (1974)vum John Guillermin an Irwin Allen mam Steve McQueen a Paul Newman
- The Amazing Dobermans (1976) vum Byron Chudnow mam James Franciscus a Barbara Eden
- Un taxi mauve (1977) vum Yves Boisset mam Charlotte Rampling a Philippe Noiret
- Ghost Story (1981) vum John Irvin mam Melvyn Douglas an Douglas Fairbanks Jr.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Fred Astaire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gebuer 1899
- Gestuerwen 1987
- US-amerikanesch Dänzer
- US-amerikanesch Filmschauspiller
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an enger Nieweroll
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem Musical oder Kaméidisstéck
- Hollywood Walk of Fame
- Cecil B. DeMille Award
- BAFTA fir de beschte Schauspiller an enger Nieweroll