Chuck Yeager
Ausgesinn
Chuck Yeager | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles Elwood Yeager |
Gebuer | 13. Februar 1923 |
Gestuerwen |
7. Dezember 2020 Los Angeles |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Militär, Pilot, Testpilot, Aviateur, Juegdpilot, Offizéier |
Partei | Republican Party |
Den Charles Elwood "Chuck" Yeager, gebuer den 13. Februar 1923 zu Myra, a West Virginia, a gestuerwen de 7. Dezember 2020 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Veteran vun den US Army Air Forces am Zweete Weltkrich, fréieren Testpilot a Generol.
Hie war den éischte Mënsch, dee mat senger Bell X-1, d'Schallmauer duerchbrach huet. Dat war de 14. Oktober 1947 an enger Héicht vun 13.700 m (45.000 ft) an enger Vitess vun 1080 km/h respektiv Mach 1,06. Duerno huet de Yeager nach weider Vitess- an Héichterekorder opgestallt.
1985 krut e vum US-President Ronald Reagan d'Presidential Medal of Freedom, den héchsten ziville Gielchen an den USA.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Chuck Yeager, Charles Leerhsen: Press on! Further adventures in the good life. Bantam Books, Toronto u. a. 1988, ISBN 0-553-05333-7.
- Chuck Yeager, Leo Janos: Yeager. An autobiography. Bantam Books, Toronto u. a. 1986, ISBN 0-553-25674-2.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Michael Martin: Chuck Yeager. Lucent Books, San Diego CA 2003, ISBN 1-59018-284-7.
- Colleen Madonna Flood Williams: Chuck Yeager. Chelsea House Publishers, Philadelphia PA 2003, ISBN 0-7910-7216-9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Chuck Yeager – Biller, Videoen oder Audiodateien |