Sylvia Camarda
D'Sylvia Camarda, gebuer den 21. September 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch[1] Dänzerin, Choreographin a Politikerin.
Sylvia Camarda | |
---|---|
Gebuer | 21. September 1978 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dänzer, Choreograph, Bünekënschtler |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Bestuet mat | Yann Tonnar |
Mat 15 Joer ass si op Cannes an d'École supérieure de danse de Cannes Rosella Hightower gaangen. Weider Etappe waren d'University of Performing Arts Purchase (State University of New York) zu New York an d'London Contemporary Dance School wou si 2000 den Ofschloss vun hirer Formatioun gemaach huet.
Si huet haaptsächlech an der Schwäiz geschafft bis si bei Les Ballets C. de la B. ugefaangen huet. Si huet am Projet Just another landscape for some Jukebox money gedanzt a war wärend 2 Joer mat deem Stéck op Tournée. Duerno huet si Missdeluxedanceco! gegrënnt. Hir Carrière als Dänzerin ass 2005 virugaange mam Jan Fabre an Je suis sang, mat deem si zu Avignon am Palais des papes opgetrueden ass, an och 2007 zu New York an Tokyo.
Vu Mëtt 2005 bis 2006 war si am Cirque du Soleil, am Stéck Delirium, op Tournée an Amerika.
Den 28. Mee 2011 krut d'Sylvia Camarda den éischte Lëtzebuerger Danzpräis, um Enn vum Danzfestival an de Carré Rotondes, iwwerreecht.
Zanter dem 31. Mee 2019 ass d'Sylvia Camarda mam Yann Tonnar bestuet[2].
Choreographien
ännerenDe Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
- Crash (2004)
- Only the lonely (2004)
- Absolutely Fabulous (2005)
- Amerika, du bist so wunderbar (2009)
- Conscienza di terrore (2009)
- Libido (2011)
- deleschtendag (2012)
Politik
ännerenBei de Gemengewalen 2017 gouf d'Sylvia Camarda op der DP-Lëscht an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt[3]. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war si Kandidatin op der Lëscht vun der DP am Zentrum. Si ass awer net an d'Chamber gewielt ginn[4].
Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf si an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg erëmgewielt.[5]
Literatur
änneren- Reuter, Raymond: Sylvia Camarda, in: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt. S.32-33, Éditions Luxnews, 2003, ISBN 2-9599932-2-5
- "Sylvia Camarda" by Marc Detail - Livre-photos format A3, édition limitée à 150 exemplaires. Renseignements: mdetail@pt.lu
Um Spaweck
ännerenCommons: Sylvia Camarda – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Sylvia Camarda um Site vun danse.lu
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Si hat ufanks déi italieenesch Nationalitéit, huet awer 1998 duerch Optioun déi lëtzebuergesch ugeholl.
- ↑ Die Liebesgeschichte von Sylvia Camarda und Yann Tonnar op wort.lu, gelies den 28.8. 2019
- ↑ Fiche op vdl.lu.
- ↑ Patrick Besch, Promis im Wahlkampf op wort.lu de 17. Oktober 2018 an an der Drockversioun vum Wort vum 18. Oktober 2018, Säit 2, ënner dem Titel „Mäßiger Erfolg“
- ↑ David Thinnes: "So sieht der neue Gemeinderat der Stadt Luxemburg aus." wort.lu [w+], 12.07.2023.