Sidney Poitier
De Sir Sidney Poitier, KBE, gebuer den 20. Februar 1927 zu Miami a Florida a gestuerwen de 6. Januar 2022, war en bahamaesch-US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur. Hie war deen éischten afroamerikanesche Schauspiller, dee fir eng Haaptroll en Oscar kritt huet.
Sidney Poitier | |
---|---|
Gebuer |
20. Februar 1927 Miami |
Gestuerwen |
6. Januar 2022 Los Angeles |
Nationalitéit | USA, Bahamas |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Filmregisseur, Diplomat, Autobiograph, Filmproduzent, Schrëftsteller, Auteur, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller, Theaterregisseur, Televisiounsproduzent, Regisseur |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Diahann Carroll |
Liewen a Wierk
ännerenDe Poitier ass ursprénglech vun de Bahamas, wou en och opgewuess ass. Hien ass zu Miami op d'Welt komm, well seng Eltere grad do op Besuch waren. Mat 15 Joer hu seng Elteren en op Miami bei säi Brudder geschéckt. Mat 18 Joer goung en op New York, wou en ufanks zu Harlem beim America Negro Theatre matgespillt huet. Vun do aus huet hien et op de Broadway gepackt. 1950 huet den Hollywood-Produzent Darryl F. Zanuck hien engagéiert. De Poitier war deen éischte schwaarzen Amerikaner, deen Haaptrollen an Hollywood-Filmer gespillt huet. Besonnesch an den 1960er Joren hat hie grousse Succès, an huet an den 1970er Joren ugefaangen, selwer Regie ze féieren.
Vill vun de Filmer, an deenen e matspillt, hunn Erscheinungsforme vum Rassismus an den USA als Sujet oder Hannergrond, wéi z. B. Guess who's coming to dinner, They Call me Mister Tibb oder In the Heat of the Night. 1964 krut de Poitier fir seng Roll a Lilies of the Field den Oscar als bescht Haaptroll. 2002 krut en den Éierenoscar fir säi Liewenswierk.
Filmographie
ännerenals Schauspiller
änneren- 1950: No way out - Regie: Joseph L. Mankiewicz
- 1951: Cry, the Beloved Country - Regie: Zoltan Korda
- 1952: Red Ball Express - Regie: Budd Boetticher
- 1953: Go, man, go - Regie: James Wong Howe
- 1955: Blackboard Jungle - Regie: Richard Brooks
- 1956: Good-bye, My Lady - Regie: William A. Wellman
- 1957: Edge of the City - Regie: Martin Ritt
- 1957: Something of Value - Regie: Richard Brooks
- 1957: Band of Angels - Regie: Raoul Walsh
- 1958: The Defiant Ones - Regie: Stanley Kramer
- 1958: The Mark of the Hawk - Regie: Michael Audley
- 1959: Porgy and Bess - Regie: Otto Preminger
- 1959: All the Young Men- Regie: Hal Bartlett
- 1961: A Raisin' in the Sun - Regie: Daniel Petrie
- 1961: Paris Blues - Regie: Martin Ritt
- 1962: Pressure Point - Regie: Hubert Cornfield
- 1963: Lilies of the field - Regie: Ralph Nelson
- 1964: The Long Ships - Regie: Jack Cardiff
- 1965: The Greatest Story Ever Told - Regie: George Stevens
- 1965: The Bedford Incident - Regie: James B. Harris
- 1965: A patch of blue - Regie: Guy Green
- 1965: The Slender Thread - Regie: Sydney Pollack
- 1965: Duel at Diablo - Regie: Ralph Nelson
- 1967: Guess who's coming to dinner- Regie: Stanley Kramer
- 1967: To Sir, with Love - Regie und Drehbuch: James Clavell
- 1967: In the Heat of the Night - Regie: Norman Jewison
- 1968: For love of Ivy - Regie: Daniel Mann
- 1969: The lost man - Regie: Robert Alan Arthur
- 1970: They Call me Mister Tibb - Regie: Gordon Douglas
- 1971: Brother John - Regie: James Goldstone
- 1971: The organization - Regie: Don Medford
- 1975: The Wilby Conspiracy - Regie: Ralph Nelson
- 1986: The Spencer Tracy Legacy: A tribute by Katharine Hepburn
- 1988: Shoot to Kill - Regie: Roger Spottiswoode
- 1988: Little Nikita - Regie: Richard Benjamin
- 1991: Separate but equal
- 1992: Sneakers - Regie: Phil Alden Robinson
- 1997: Mandela and de Clerk - Regie: Joseph Sargent
- 1997: The jackal - Regie: Michael Caton-Jones
- 1999: The simple life of Noah Dearborn - Regie: Gregg Champion
- 1999: Free for Eden - Regie: Leon Ichaso
- 2001: The last brickmaker in Amerika (TV) - Regie: Gregg Champion
Filmer als Regisseur
änneren- 1972: and the preacher - mam Harry Belafonte
- 1973: A Warm December
- 1974: Uptown Saturday Night - mam Bill Cosby a Harry Belafonte
- 1975: Let's do it again - mam Bill Cosby
- 1977: A piece of the action - mam Bill Cosby
- 1980: Stir crazy
- 1981: Hanky Panky - mam Gene Wilder
- 1983: Fast forward
- 1990: Ghost Day - mam Bill Cosby
Literatur
änneren- Sidney Poitier: The Measure of a Man (däitsch: Mein Vermächtnis. Eine Art Autobiografie.. Europa-Verlag, Hamburg und Wien 2001, 279 S., ISBN 3-203-81025-5)
- Aram Goudsouzian: Sidney Poitier. Man, Actor, Icon. University of North Carolina Press, Chapel Hill zirka 2004, 480 (XII) S., ISBN 0-8078-2843-2
Um Spaweck
ännerenCommons: Sidney Poitier – Biller, Videoen oder Audiodateien |