iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.
iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.



Link to original content: http://lb.m.wikipedia.org/wiki/Nei_Gemeng
Nei Gemeng – Wikipedia

Eng Nei Gemeng (fr: Commune nouvelle) ass a Frankräich eng Gemeng, déi aus der Fusioun vun e puer fréiere Gemengen ervirgeet. Et ass e Statut, dee mam Artikel 21 vum Gesetz N° 2010-1563 vum 16. Dezember 2010 iwwer d'Reform vun den territoriale Kollektivitéite[1] kreéiert gouf.

Eng nei Gemeng kann op e puer Manéieren entstoen. Ouni weider an den Detail anzegoe kann ee soen, datt dat op Demande vun de Gemengeréit vun de Gemengen, déi uneneestoussen, ka gemaach ginn, oder iwwer d'Demande vun enger Interkommunalitéit oder op Initiativ vum Representant vum Staat am Departement.

Wa Gemengen, déi uneneestoussen, fusionéiere wëllen an net an engem Departement leien, mussen d'Autorisatioune fir d'Departementsgrenzen z'ännere gefrot ginn.

Bei der Kreatioun vun enger neier Gemeng ginn déi fréier Gemenge sougenannt Communes déléguées, et wier datt d'Gemengeréit decidéiere fir keng Commune déléguée ze ginn.

Referenzen

änneren
  1. Légifrance Loi n° 2010-1563 du 16 décembre 2010 de réforme des collectivités territoriales