Gemeng Géisdref
D'Gemeng Géisdref ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. Op den 1. Januar 2024 hat se 1.663 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Géisdref vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Géisdref | |
---|---|
d'Märei vu Géisdref | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Goesdorf de: Goesdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Wolz |
Chef-lieu | Géisdref |
Buergermeeschter | Jean-Paul Mathay |
Awunner | 1.663 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.941 ha |
Héicht | 482 m |
Koordinaten |
49° 55’ 15’’ N 05° 58’ 00’’ O |
LAU-Code | LU0804 |
Websäit | https://goesdorf.lu/ |
Zu der Gemeng Géisdref gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geographie
ännerenD'Gemeng Géisdref läit am Kanton Wolz gréisstendeels héich op den Éisleker Koppen ëmgi vun den déiwe Flossdäller vu Wolz, Sauer a Schlierbaach. Um südleche Plateau läit d'Uertschaft Géisdref.
De Waassertuerm zu Dol versuergt d'Uertschaften Dol, Géisdref, Nacher, Boukels a Masseler mat Drénkwaasser.
Geschicht
ännerenDen Numm Goesdorf leet sech vu Gießdorf of. Géisdref war fréier en Industriestanduert, dee vum Antimonvirkomme gelieft huet. Éischt Gruewunge solle schonn zur Réimerzäit gemaach gi sinn. Eng éischt Konzessioun ass 1354 ausgestallt ginn.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenQuell:STATEC
Wopen
ännerenBeschreiwung am Originaltext: D'or au chêne à quatre branches entrelacées de sinople, au chef de gueules chargé de six étoiles d'or posées 3-2-1. |
Politik
ännerenBuergermeeschteren
änneren- ? - 1846: J-M Sonntag
- 1846 - 1849(?): Théodore Kayser[2]
- 1849: André Weyrich[3]
- ...
- 1894 - 1903: Emile Wolter[4],[5]
- ...
- bis 2011: Arthur Schockmel
- 2011-2017: Norbert Maes.
- 2017-2019: Christa Schmitz ép. Majerus
- zanter 2019: Jean-Paul Mathay
Interkommunal Syndikater
ännerenD'Gemeng Géisdref ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Géisdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Circulaire du 7 septembre 1846 N° 11047-2625 concernant les attributions du collège des bourgmestre et échevins des communes. - Mémorial A n° 52 de 1846 op stradalex.lu gekuckt de 26. Juni 2022
- ↑ Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
- ↑ Memorial N°11 vun 1894 mat der Nominatioun vum Emile Wolter zum Buergermeeschter vu Géisdref
- ↑ Memorial N°7 vun 1903 mat der Demissioun vum Emile Wolter als Buergermeeschter vu Géisdref