iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.
iBet uBet web content aggregator. Adding the entire web to your favor.



Link to original content: http://lb.m.wikipedia.org/wiki/Claudia_Sheinbaum
Claudia Sheinbaum – Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Claudia Sheinbaum Pardo, gebuer de 24. Juni 1962 zu Mexiko-Stad, ass eng mexikanesch Physikerin a Politikerin (Morena).

Claudia Sheinbaum
Gebuertsnumm Claudia Sheinbaum Pardo
Gebuer 24. Juni 1962
Mexiko-Stad
Nationalitéit Mexiko
Aktivitéit Politiker, Ëmweltaktivist, Fuerscher, Physiker, Universitéitsprofesser

Si ass zanter dem 1. Oktober 2024 Presidentin vu Mexiko, zu där se bei de Presidentschaftswale vum Juni 2024 als éischt Fra gewielt gouf. Virdrun, vun 2018 bis 2023, war si Regierungschefin (Buergermeeschtesch) vu Mexiko-Stad.

Als Wëssenschaftlerin ass si Auteure vun iwwer 100 Fachartikelen an zwee Bicher iwwer d'Themen Energie, Ëmwelt an nohalteg Entwécklung a huet och als Aueur, resp. Leet-Auteur vun Experts-Rapporte vum Weltklimarot (IPCC) matgeschafft.

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Claudia Sheinbaum – Biller, Videoen oder Audiodateien