Andromeda (Stärebild)
D'Andromeda ass e Stärebild vum nërdleche Stärenhimmel.
Date vum Stärebild Andromeda | |
---|---|
Numm | Andromeda |
Laténgeschen Numm | Andromeda |
Laténgesche Geenitiv | Andromedae |
Laténgesch Ofkierzung | And |
Rektaszensioun | 22h 57m bis 2h 40m |
Deklinatioun | +53°20' bis +21° 35' |
Fläch | 722 Quadratgrad Rang 19 |
Siichtbar op de Breetegraden | 90° Nord bis 37° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht |
Stäre mat der Gréisst < 3m | 3 |
Hellste Stär | α Andromedae (Alpheratz),2,06m |
Nopeschstärebiller (vun Norden am am Auerzäresënn) |
Cassiopeia Lacerta Pegasus Pisces Triangulum Perseus |
Et ass eent vun de bekanntste Stärebiller, well an dësem Stärebild mat der Spiralgalaxie M 31, dem Andromedaniwwel, d'Nopeschgalaxie vun eiser Mëllechstrooss läit.
Beschreiwung
ännerenD'Andromeda besteet aus enger Kette vu véier Stären, déi vum Pegasus-Rechteck ausginn. Déi dräi hellst Stären, Alamak, Mirach a Sirrah, leie souzesoen op enger Linn.
Ënner gënschtegen Observatiounsbedingungen ass nërdlech vun der Andromeda en Niwwelfleck z'erkennen, dee schwaach liicht: d'Galaxie M 31, och als Andromedaniwwel bekannt. Déi siichtbar Stäre vum Stärebild gehéieren zu eiser Galaxis a sinn net méi wäit wéi ronn 1.000 Liichtjoer ewech. D'Distanz zum Andromedaniwwel läit dogéint bei ronn 2,7 Millioune Liichtjoer.
Geschicht
ännerenD'Andromeda ass eent vun den 48 klassesche Stärebiller aus der Antiquitéit, déi vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Benannt gouf d'Stärebild no der Andromeda, enger Prinzessin aus der griichescher Mythologie.
Stären
ännerenB | F | Numm o. aner Bezeechnungen | m | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 21 | Sirrah, Alpheratz | 2,06 | 97 | B8 IV |
β | 43 | Mirach, Mirakh, Merak, Mirar, Mirath, Mirax, El Mizar, Al Mizar | 2,07 | 199 | M0 IIIa |
γ1,2 | 57 | Alamak | 2,26 | 355 | K3 /B9 /B9 |
δ | 31 | 3,27 | 101 | K3 III | |
51 | 3,59 | 174 | K3 III | ||
ο | 1 | 3,62 | 692 | B6 III | |
λ | 16 | 3,81 | 84 | G8 III | |
μ | 37 | 3,86 | 136 | A5 V | |
ζ | 34 | 4,08 | 181 | K1 IIe | |
υ | 50 | 4,09 | 44 | F8 V | |
κ | 19 | 4,15 | 170 | B9 IV | |
φ | 42 | 4,26 | 740 | B6 IV + B9 V | |
ι | 17 | 4,29 | 503 | B8 V | |
ε | 30 | 4,34 | 169 | G6 III | |
π | 29 | 4,34 | 660 | B5 V + F8 V | |
η | 34 | 4,40 | 243 | G8 IIIb | |
σ | 25 | 4,51 | 141 | A2 V | |
ν | 35 | 4,53 | 680 | B5 V + F8 V | |
7 | 4,53 | ||||
θ | 24 | 4,61 | 253 | A2 V | |
3 | 4,64 | ||||
65 | 4,73 | ||||
58 | 4,78 | ||||
8 | 4,82 | ||||
ω | 48 | 4,83 | 92 | F5 V | |
b | 60 | 4,84 | |||
ξ | 46 | Adhil | 4,88 | 196 | K0 IIIb |
τ | 53 | 4,96 | 680 | B8 III | |
ψ | 20 | 4,97 | 1310 | G5 Ib + A0 V | |
χ | 52 | 5,01 | 242 | G8 III | |
22 | 5,01 | ||||
41 | 5,04 | ||||
2 | 5,09 | ||||
ρ | 27 | 5,16 | 160 | F5 III |
De βAndromedae steet op enger Distanz vun 200 Liichtjoer vun der Äerd. Et ass e Roude Ris mat engem 30fachen Duerchmiesser vun der Sonn.
Den Numm Mirach huet en arabeschen Ursprong a bedeit souvill wéi, "d'Hëften".
System | m | Ofstand |
---|---|---|
α | 2,1 / 11,8 | |
γ | 2,2 / 5,0 / 5,5 | 9,6"en |
π | 4,5 / 8,8 | 36" |
56 And | 5,7 / 5,9 | 200" |
59 | 6,0 / 6,5 | 16,6" |
Den hellste Stär an der Andromeda ass den Alpheratz (α Andromedae). Et handelt sech ëm een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 97 Liichtjoer. De blowäissen Haaptstär huet déi 110fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Et ass ee verännerleche Stär vum Typ Alpha2-Canum-Venaticorum. Hie gëtt vun engem liichtschwaache Stär vun der 11. Gréissteklass begleet.
De γ Andromedae ass een Dräifachstäresystem op enger Distanz vun 355 Liichtjoer. Den orange liichtenden Haaptstär huet den 80fache Duerchmiesser an déi 2.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hie gëtt vun zwéi bloe Stäre mat der 5. Gréissteklass begleet, déi ganz enk zesummestinn. Den arabeschen Numm Alamak bedeit „Wüsteluchs“.
De System 56 And läit 250 Liichtjoer wäit ewech a besteet aus zwéi Stäre mat de Spektralklasse K0 a K4. De System weist, vun der Äerd aus gesinn, e groussen Ofstand vun 200 Bousekonnen.
59 And besteet aus zwéi Stäre vun de Spektralklasse B9 an A1. De System ass 300 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.
Och den Adhil, oder Xi Andromedae genannt, ass en Duebelstär am Stärebild Andromeda.
Verännerlech Stären
ännerenStär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
α | 2,02bis 2,06 | 23,19 Stonnen | kuerzperiodesch Verännerlecher |
λ | 3,69 bis 3,97 | 54,2 Deeg | RS-Canum-Venaticorum-Stär |
ζ | 3,92 bis 4,14 | 54,2 Deeg | RS-Canum-Venaticorum-Stär |
R | 5,8 bis 14,9 | 409 Deeg | Mira-Stär |
Den R Andromedae ass e verännerleche Stär vum Typ Mira, deen iwwer en Zäitraum vu 409 Deeg seng Hellegkeet ännert. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vu 5,8m a kann, ënner gënschtege Bedingungen, just nach mat bloussem A gesi ginn. Am Minimum fält seng Hellegkeet op 14,9m erof. Eng Observatioun ass dann nëmmen nach mat engem Teleskop méiglech.
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
31 | 224 | 4m | Galaxie | Andromedaniwwel | |
32 | 221 | 8 | Galaxie | ||
110 | 205 | 8 | Galaxie | ||
752 | 8,5 | Oppene Stärekoup | |||
891 | 10 | Galaxie | |||
7662 | 8,5 | Planetareschen Niwwel |
Den M31, den Andromedaniwwel, ass mat enger Distanz vu ronn 2,7 Millioune Liichtjoer déi nooste Spiralgalaxie. Si ka scho mat bloussem A als niwweleche Fleck gesi ginn.
De M32 ass eng kleng Begleetgalaxie vum Andromedaniwwel.
De M 110 ass och eng Begleetgalaxie vum Andromedaniwwel. Entdeckt gouf si am Joer 1773 vum Charles Messier.
Den oppene Stärekoup NGC 752 läit op enger Distanz vun 1.500 Liichtjoer a gouf 1786 vum Wilhelm Herschel entdeckt.
Op 40 Mio. Liichtjoer Distanz läit d'Spiralgalaxie NGC 891. Si gouf am Joer 1783 vum Caroline Herschel entdeckt. Vun der Äerd aus gesi mer d'Galaxie op d'Kant, soudatt si als längelzegen Niwwel erschéngt.
De planetareschen Niwwel NGC 7662 gouf 1784 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Et handelt sech ëm d'Reschter vun engem Stär op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Andromeda (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |